AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

Mä wie kann dann adoptéieren, respektiv adoptéiert ginn ?

1)    Ween däerf zu Lëtzebuerg eng Adoptioun plénière maachen ?

Fir hei zu Lëtzebuerg däerfen eng Adoptioun plénière ze maachen muss ee bestued sinn. Deen ee muss mindestens 21 Joer hunn, deen aneren op mannst 25 Joer Aal sinn.

A se musse méi wéi 15 Joer méi Aal si wéi deen deen adoptéiert gëtt.

Op dësem Punkt huet d ‘Geriicht awer d ‘Méiglechkeet fir d’Adoptioun och ze akzeptéieren wann deen Altersënnerscheed net ginn ass, wa gutt Grënn virleien.

2)    An ween däerf adoptéiert ginn?

D’Kand wäit soll adoptéiert gi muss manner wéi 16 Joer hunn.

3)    Gin et och “Spezial Fäll”?

Jo, et gëtt eng Ausnam zu der genereller Regel an dat ass de Fall wou ee vun den Conjointe deem aneren Conjoint säi Kand adoptéiert. An deem Fall kann deejéinegen natierlech alleng adoptéieren, an et geet och duer wann en 10 Joer méi Aal ass wéi d ‘Adoptivkand.

An dësem Fall bleift, de Famillje Lien mam Conjoint bestoen.

4)    Kann een eng Adoptioun plénière réckgängeg maachen ?

Nee, bei enger Adoptioun plénière ginn all liens mat der originairer Famill gekappt an et ass wéi wann een ni zu der Famill gehéiert hätt mä ëmmer zu der Adoptivfamill. Dat kann net réckgängeg gemaach ginn.

5)    An ween kann dann eng Adoptioun simple maachen ?

Eng Adoptioun simple kann hei zu Lëtzebuerg jiddereen ufroen dee méi Aal wéi 25 Joer ass. An wann eng bestuete Koppel well adoptéiere muss deen een mindestens 21 Joer hunn, deen aneren op mannst 25 Joer Aal sinn.

Wann deen een well e Kand vun deem aneren adoptéieren per Adoptioun simple, dann gëtt et keng Konditioun wat den Alter betrefft.

Och hei besteet d ‘Konditioun datt se mussen méi 15 Joer méi Aal sinn wéi deen deen adoptéiert gëtt, respektiv méi wéi 10 Joer méi Aal wann et d’Kand vum Conjoint ass. Och hei kann d ‘Geriicht déi Konditioun awer écartéieren.

6)    Wee kann dann par Adoptioun simple adoptéiert ginn ?

Fir kennen adoptéiert ze ginn muss ee mindestens 3 Méint hunn, virdru kann d’Adoptioun simple net ugefrot ginn.

Wann e Mineur soll adoptéiert ginn, da muss deen Elteren Deel deen en unerkannt huet, an deen d’autorité parentale huet, saïn Accord fir d’Adoptioun ginn.

7)    Huet deen deen Adoptéiert gëtt e Matsproocherecht?

Jo, an deem Moment wou eng Persoun déi soll adoptéiert ginn méi Aal ass wéi 15 Joer, kann se nëmme mat hirem Averständnis adoptéiert ginn.

8)    Kann och eng bestueten Persoun adoptéiert gin?

Jo, awer da muss de Conjoint saïn Accord ginn.

9)    Kann een och vun e puer Leit per Adoptioun simple adoptéiert ginn ?

Jein. Et kann een am Prinzip ëmmer nëmme vun enger Persoun adoptéiert ginn.

Ausnam: wann eng bestuete Koppel zesummen eng Persoun adoptéiert.

A wann deen deen een adoptéiert huet verstuerwen ass, da kann een erëm per Adoptioun simple adoptéiert ginn.

Et kann een also, ausser wann et eng bestuete Koppel ass, net gläichzäiteg d ‘Adoptivkand vun e puer Leit sinn, noeneen geet awer.

10) An kann eng Adoption simple réckgängeg gemaach gin?

Jo, eng Adoption simple ka réckgängeg gemaach ginn, wa ganz schlëmm Faits virleien. D ‘Extrem Beispill ass natierlech wann en Adoptivkand géif probéieren d ‘Adoptivelteren ëmzebréngen.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu