Ofgesinn vun den Effeten am Kader vun der Ierfschaft, gëtt et am Fall vun enger Adoptioun awer och nach Konsequenzen wat den Numm vun adoptéieren Kand betrefft.

AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

1.    Wéi een Numm kritt den Adoptéierten am Fall vun enger Adoption simple?

Am Fall vun enger Adoption simple kritt den Adoptéierten de Familljennumm vun deem deen en adoptéiert. Wann e vun enger bestuetener Koppel adoptéiert gëtt, da gëtt deen Numm geholl deen di gemeinsam Kanner vun der Koppel och hunn – et schwätz een hei vum Prinzip vun der Eenheet vum Numm vun de gemeinsame Kanner vun der Koppel.

2.    A wat geschitt wann eng Persoun di bestuet ass alleng eng aner Persoun adoptéiert ?

An deem Fall kann d’Geriicht, mam Averständnis vum Conjoint vun deem deen adoptéiert entscheeden datt den Adoptéierten dem Adoptant saïn Numm kritt, entweder just nach deen Numm, oder andeems den Numm vun deem deen adoptéiert un deen vun deem deen adoptéiert gëtt drugehaang gëtt, an der Reiefolleg wéi d’Koppel et décidéiert a maximum ee Numm pro Conjoint.

3.    Heescht dat datt deen deen adoptéiert gëtt saï Familljennumm deen en virdrun hat verléiert?

Am Gesetz ass et esou virgesinn.

Mä d’Geriichter hunn awer entscheet datt dat géint d ‘Mënscherechter géif verstoussen an net proportional zu deem wat bezweckt ass war, an zwar fir d ‘Unitéit vun der Adoptivfamill ze favoriséieren. Et ass dofir décidéiert ginn datt den Numm vun deem deen adoptéiert gëtt bäibehal gëtt an den Numm vun deem deen adoptéiert bäigesat gëtt.

4.    A wann deen deen adoptéiert de Conjoint vun deem engem Elterendeel vum Adoptéierten ass?

An deem Fall behält den Adoptéierten säin Numm, mais d’Geriicht kann awer décidéieren em den Numm vun deem deen en adoptéiert, oder vu sengem Conjoint ze ginn.

5.    Muss deen deen adoptéiert gëtt gefrot ginn op en domat averstan ass?

Wann deen deen adoptéiert gëtt méi wéi 13 Joër huet dann muss en perséinlech säin Averständnis dofir ginn.

An der Praxis gesäit dat esou aus, datt an enger Audienz virum Riichter de Riichter dem Adoptivkand d’Fro stellt op et averstan ass fir den Numm vun deem deen en wëllt adoptéiert unzehuelen. De Wëlle fir den Numm unzehuelen gëtt als en Unzeechen vun der reeller Verbonnenheet vun deenen déi d’Adoptioun wëlle gesinn.

6.    Kann een am Fall vun enger Adoption simple och de Virnumm wiesselen ?

D ‘Adoptivelteren kennen d’Geriicht froen fir de Virnumm vum Adoptéierten ze änneren.

7.    A wéi ass et bei der Adoptioun plénière?

D’Kand kritt den Numm vun dem deen adoptéiert, och hei am Respekt vum Prinzip vun der Eenheet vum Numm vun de gemeinsamen Kanner.

D’Kand kann den Numm vun engem vun den Adoptants kréien, oder vun deenen zwee, an wann se sech net eens ginn wéi een Numm vir stoen kennt, dann gëtt gelousst.

Am Fall wou een em Conjoint säi Kand adoptéiert behält dat Kand säin Numm.

Och hei muss d’Kand wat adoptéiert gëtt säin Accord ginn fir den Numm unzehuelen wann et méi aal wéi 13 Joer ass.

An de Virnumm kann op Ufro vun den Adoptivelteren geännert ginn.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu