Mä gëtt dann elo all adoptéiert Kand och vun de Steieren esou ugesinn wéi en eegent Kand?

AUDIO: De ganze Reportage nach eng kéier lauschteren

1. Wéi ass et am Fall vun der Adoption plénière?

Am Fall vun enger Adoptioun plénière hate mer jo gesinn datt d’Kand all Liens mat senger biologescher Famill verléiert: et ass wéi wann et ni zu daer Famill gehéiert hätt, et ierft och net an daer Famill.

E Kand wat per Adoptioun plénière adoptéiert ginn ass gëtt och steierlech genau d ‘selwecht behandelt wéi all anert Kand vun der Adoptivfamill, a bezilt also zum Beispill op deem wat et vu sengen Elteren ierft keng Ierfschaftssteier, soulaang et net méi kritt wéi déi Deel déi e Kand vum Gesetz hier ze gutt huet.

2. An am Fall vun der Adoption simple?

Bei der Adoptioun simple ass et méi komplizéiert : do bleift jo zivil rechtlech gesinn de Lien mat der originairer Famill bestoen, do kann een nach ëmmer an daer Famill ierwen, huet een als Kand sai Pflicht deel ze gutt, an et bezilt een och den Tarif wéi een vum Gesetz hier virgesinn ass als Kand, Brudder, Schwëster, Neveu an Nièce, etc.

D’Steieren maachen bei der Adoption simple en Ënnerscheed tëscht der einfacher « adoption simple » an der « adoption simple favorisée fiscalement ». Zivil rechtlech gesinn gëtt et deen Ënnerscheed net.

3. Wéi ass d’Besteierung am Fall vun enger einfacher “adoption simple” wann en ierft ?

D’Gesetz gesäit vir datt am Fall vun enger Adoption simple speziell Tariffer applizéiert ginn: et gëtt een net esou besteiert wéi wann nee guer net Famill waer, mä et huet een awer och net déi Tariffer wéi wann een dat biologescht Kand waer.

De Gesetzgeber huet décidéiert fir d ‘Adoptivkand par rapport zu den Adoptivelteren op den Niveau vun den Neveux ze setzen, an dem Adoptivkand seng Nokommen op deen vun den vum « Gross-Neffe », also respektiv 9 an 10 %.

Am Fall wou en Adoptivkand vun engem aneren wéi sengen Adoptivelteren aus der Adoptivfamill eppes ierft ass den Tarif vun 15% applicabel.

Do kommen natierlech och nach 10e dobäi.

4. An am Fall vun enger Schenkung?

Do ass den Tarif 7% fir Schenkungen tëscht deem deen adoptéiert huet an dem Adoptéierten, an 8% tëscht deem deen adoptéiert huet an dem Adoptéierten sengen Nokommen.

Do kommen dann nach 2/10 op der Steier dobäi.

An d’Steier gëtt em d’Hallschent reduzéiert wann et eng Schenkung per Contrat de marriage oder en vue vun der Hochzäit vun den Zukënftegen Bestueten en ass.

5. An wéi ass dann Besteierung am Fall vun enger “adoption simple favorisée fiscalement ” ?

Den Artikel III vum Gesetz vum 13. Juli 1959 gëtt eis eng limitative Lescht wéi eng Adoptivkanner vum steierlechen Standpunkt aus genau esou behandelt ginn wéi di leiflech Kanner: bei deenen Adoptiounen schwätzt een vun enger Adoption simple favorisée fiscalement.

An eng vun deenen Kategorien fällt d’Kand vum Conjoint vun deem deen adoptéiert, wat aus engem éischten Mariage ass, an dem Adoptéierten seng Nokommen.

6. “Adoption simple favorisée fiscalement ” an Ierfschaftssteier ?

Wann een also dem Conjoint säi Kand aus éischte Mariage adoptéiert, per Adoption simple, da gëtt dat Kand a seng Nofolger steierlech gesinn och genau esou behandelt ewéi en leiflecht Kand.

Op där Deel déi een also en ligne direkte ierft wéi et vum Gesetz hier virgesinn ass, bezilt een also keng Ierfschaftssteier, an op där Deel déi doriwwer erausgeet respektiv 2,5% oder 5%.

7. Adoption simple favorisée fiscalement an « Schenkungssteier » ?

Den Adoptéierten an seng Nokommen bezuelen respektiv 1,5%, 2% oder 2,5% plus 2/10, je nodeem wéi d’Schenkung formuléiert ass (Virschoss op d’gesetzlech Ierfmass oder zousätzlech dozou) op dat wat se kréien.

Deen deen Adoptéiert huet an eng Schenkung vum Adoptivkand oder sengen Nokommen kritt bezilt 2% oder 1,% an 2/10.

D’Virfahren vun deem deen adoptéiert huet ginn hei als “Friemer” ugesinn.

8. A wann deen deen adoptéiert huet och leiflech Kanner huet, ginn déi dann och mam Geschwestertariff besteiert?

Nëmmen wann den Adoptéierten stierft ouni Kanner an Conjoint ze hunn an d’Geschwëster dofir dem Gesetz no ierwen.

Am aneren Fall gëtt den Tarif “ Net Famill” applizéiert, souwuel am Fall vun enger Ierfschaft per Testament wéi bei enger Schenkung.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu