All Land huet seng eegen Regelen wat d’Ierfschaftsrecht an d’Ierfschaftssteier betrefft, wat et net ëmmer einfach mécht, well et ënner anerem Dank der europäescher Unioun (libre circulation vun den Persounen, Services, Wueren an Kapital) einfach ass fir duerch Europa ze reesen, an aneren Länner ze schaffen an och zum Beispill Immobilien an aneren Länner ze kafen.

Wann een dann stierft mussen d’Ierwen sech also och mat de Regele vun deenen Länner wou een Verméigen huet ausernaanersetzen.

1.    Wat geschitt mat mengem Verméigen am Ausland wann ech stierwen? 

Wann een Immobilien oder soss Verméigen am Ausland huet dann muss een déi Objet s op d’Ierwen iwwerschreiwen. Dofir muss een sech un déi Regelen vun deem Land halen wou d’Verméigen ass.

2.    Dat heescht wann de Verstuerwenen Verméigen an e puer Länner huet mussen d’Ierwen lauter eenzel Démarchen maachen? 

Jo, am Prinzip mécht een mol fir d’éischt di Démarchen am Land wou den Verstuerwenen fir d’lescht Résident war, also di normal Déclaratioun de succession an et léisst een en acte de notoriété beim Notaire maachen.

Domat huet een en offiziellt Dokument wou doraus ervirgeet ween d’Ierwe sinn an a wéi enger Proportioun se ierwen. Dann muss een an deem Land wou zum Beispill d’Immobilie ass bei déi Persoun goen déi zoustännech ass fir eng Mutatioun ze maachen an do déi Démarchen ënnerhuelen, déi an deem Land virgesi sinn. Dat kann, wéi bei eis, en Notaire, oder zum Beispill en Geriicht sinn.

An et muss een do och eng ganz Rei Dokumenter virleeën. Et kann dann och sinn datt een d’Dokumenter déi den Notaire oder d’Geriicht brauchen muss legaliséiere loossen, eng Apostille drop setzen, etc je nodeem wat gefrot gëtt.

Da gëtt do eng Déclaration de mutation gemaach an d’Verméigen op d’Ierwen iwwerdroen, d’Immobilien op d’Ierwen iwwerschriwwen etc. Je no Situatioun huet een dann och an deemjéinege Land Iwwerschreiwungstaxen oder aner Steieren ze bezuelen.

3.    An wou kennt do den europäeschen Ierfschaftszertificat an d’Spill?

Virun e puer Joer ass um Niveau vun der europäescher Unioun décidéiert ginn datt een do misst eng gewëssen Harmonisatioun vun den Formalitéite virgesi ginn, well déi Komplexitéit géif riskéieren fir dem fräien Zirkuléieren tëscht de Länner ze schueden.

Den europäeschen Ierfschaftszertificat ass agefouert ginn, deen een iwwerall an der europäescher Unioun kann benotzen fir d’Verméigen mi einfach op d’Ierwen ze iwwerdroen.

4.    Wéi fonctionnéiert dat genau ?

Di verantwortlech Autoritéit, zu Lëtzebuerg den Notaire, stellt deen europäeschen Ierfschaftszertificat aus: dat ass e Standard Formulaire deen op europäeschen Niveau ausgeschafft ginn ass, an deen an all den offiziellen Sproochen vun der europäescher Unioun existéiert.

Do stinn eng ganz Rei Informatiounen dran iwwert dee Verstuerwenen (lescht Residenz, Contrat de mariage etc), iwwert seng Ierwen, ween wéivill an enger Ierfschaft ze gutt huet, an et kann een déi Objet s opzielen fir déi deen Ierfschaftszertificat gefrot gëtt.

Den Original bleift beim Notaire, an d’Ierwen kréien eng Expeditioun, also eng offiziell Copie vum Notaire.

5.    An mat deem europäeschen Ierfschaftszertificat ginn ech dann an dat Land wou d’Propriétéiten sin, d’Verméigen ass ?

Genau, deen europäeschen Ierfschaftszertificat ass an den aneren Länner vun der europäescher Unioun unerkannt, ausser an England, Irland an Dänemark, ouni datt een nach vill komplizéiert Démarchen muss maachen – et brauch een vill manner Dokumenter ze bréngen, well dat wat am Zertificat drasteet jo vun enger Autoritéit aus engem aneren europäeschen Land zertifiéiert ass, et brauch een keng Légalisatioun, keng Apostille, keng Unerkennung iwwert e Geriicht fir deen Zertificat etc.

Et kann een dann zum Beispill mat deem Zertificat bei en Notaire am Ausland goen, fir datt deen d’Démarchen kann maachen fir eng Immobilie iwwerschreiwen loossen: hien baséiert sech op deen Zertificat fir dat ze maachen.

Mat dem Zertifikat kann een och d’Bankkonten op d’Ierwen iwwerschreiwen loossen, etc.

6.    Get esou en europäeschen Ierfschaftszertificat automatesch ausgestallt ?

Neen, esou en Zertificat get nëmmen op Ufro vun den Ierwen (heiansdo och provisoreschen Verwalter oder engem Testamentsvolltrecker) ausgestallt an och nëmmen wann e wierklech gebraucht gëtt.

Wann zum Beispill eng Persoun zu Lëtzebuerg stierft an se huet nëmmen Verméigen hei zu Lëtzebuerg, dann gëtt keen esou en Zertificat gebraucht an da gëtt och keen erstallt.

7.    Ass deen Zertificat obligatoresch ?

Neen, et kann een och di Prozeduren déi ëmmer existéiert hunn weider benotzen, den Zertificat ass geduecht fir di administratif Prozeduren ze vereinfachen, mä et kann een och nach ëmmer di klassesch Démarchen an all Land maachen.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu