1.    Wéieng Zort Konten gin et ? Et kann een d’Konten folgendermoossen opdeelen :

-       De Kont wou een enzeegen Titulaire ass
-       De Kont collectif oder indivis, wou een emmer zesummen muss ennerschreiwen
-       De Kont joint wou méi Leit Titulaire sin, mä awer jiddereen kann aleng ennerschreiwen

2.    Wéieng Verantwortung huet de Banquier ?

De Banquier ass, waat een nennt en Dépositaire. Hien kritt eppes ausgehännecht, Suen, an en huet d’Obligatioun fir daat och erem zreckzegin. Juristesch gesin huet en eng “obligation de résultat”: daat heescht et geet net duer datt en sain Méiglechst mécht fir daat waat e kritt huet zereckzegin, mä en muss genau daat zreck gin waat e kritt huet, an en ass eréischt net mi zoustännech wann en alles zreckgin huet.

Am Géigensaatz zu engem aneren Dépositaire muss hien net genau deen Objet zreckgin deen e kritt huet, mä di selwecht Valeur : hien muss also net genau déi Mënz oder déi Schainer zreckgin déi dee bestemmten Client him gin huet, mä den Equivalent am Wäert.

3.    Weem muss den Banquier d’Suen zreckgin?

Den Banquier muss deem d’Suen gin deen de Propriétaire ass. Wann den initialen Propriétaire gestuerwen ass, muss de Banquier also iwwerpréiwen ween d’Ierwen sinn, an e muss den Ierwen déi Suen dann zreckgin déi hinnen zoustinn, also jidderengem deen Deel deen him zousteet, net méi an net manner.

4.    Waat geschitt mam Kont collectif/indivis wann ee vun den Titulairen stierft?

Den iwwerliewenden Titulaire kann och elo net aleng ennerschreiwen. Dee Verstuerwenen get duerch d’Ierwen ersaat an se mussen all mat ennerschreiwen fir datt de Kont kann ogeléist oder iwwerschriwwe get.

5.    Waat geschitt mam Kont joint wann ee vun den Titulairen stierft?

Den iwwerliewenden Titulaire kann théoretesch weider aleng ennerschreiwen, mä d’Ierwen oder och hien kennen zu all Moment d’Bank kontaktéieren an froen datt de Kont soll an en Kont collectif/indivis emgewandelt gin, wou also vun allen muss ennerschriwwen gin.

6.    Fonktionnéiert en Kont dann normal weider nom Dout vum Titulaire ?

Neen, an der Praxis ass et am Prinzip esou datt d’Bank, subal se gewuer get datt eng Persoun gestuerwen ass, all d’Karten, Accès à distance an och all d’Konten vun enger Persoun déi bei hier e Kont huet oder e Pouvoir op e Kont huet, zum Beispill eng Procuratioun, automatesch an ouni Vierwarnung bloquéiert, an eréischt erem débloquéiert get wann d’Successioun geklärt ass an all d’Formalitéiten oofgeschloss sin.

7.    Kann dann guer naischt mi iwwert dee Kont bezuelt gin ?

Dach, d’Rechnungen déi den Notaire oder d’Proches der Bank gin an déi direkt mam Dout vum Titulaire a Relatioun stinn gin am Prinzip weider vun der Bank bezuelt. Daat sin zum Beispill Dokteschrechnungen vum Verstuerwenen, Clinique, alles waat mam Begriefness ze din huet…

8.    An alles Anescht kann net mi bezuelt gin?

Genau, et ass dofir wichteg sech am Viraus oofzesecheren an dofir ze suergen datt, zum Beispill an enger Koppel, jiddereen och een Kont huet deen nemmen op sain Numm leeft, an wou deen aneren och keng Vollmacht drop huet, fir secher ze sin datt een op mannst dee Kont huet deen net bloquéiert get fir déi Zait ze iwwerbrecken tescht dem Dout an den Formalitéiten déi mussen gemaach gin bis datt de Kont erem débloquéiert get.

Daat ass immens wichteg, well ee Situatiounen kann hun wou et duerch d’Emstänn relativ laang dauert bis datt d’Formalitéiten duerch sin – daat kann zum Beispill de Fall sin wann een Mannerjähregen deen och nach net zu Letzebuerg wunnt ee vun den Ierwen ass.

9.    Waat muss ee maachen fir de Kont erem ze débloquéieren

D’Ierwen mussen am Prinzip mam Acte de Notoriété op d’Bank goen, an d’Bank huet dann och nach hier eegen Formalitéiten: normalerweis gin op der Bank nach Dokumenter ennerschriwwen wou dann festgehaal get op wéien Kont wéieng Suen iwwerwise gin, oder op ween de Kont iwwerschriwwe get etc.
Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu