Gëtt et eng Méiglechkeet fir datt een den Optrag kritt fir sech drëm ze këmmeren, datt alles genee esou ausgeféiert gëtt wéi et am Testament steet?

1. Ass et dem Notaire seng Missioun fir sech drëm ze këmmeren datt en Testament respektéiert gëtt ?

Nee, et ass op allefalls net vum Gesetz hier dem Notaire seng Missioun fir sech drëm ze këmmeren datt en Testament respektéiert gëtt. Den Notaire hëlleft den Ierwen fir d’Ierfschaftserklärung opzesetzen an hie mécht den Acte de Notoriété, an do muss en natierlech dat draschreiwe wat am Testament steet, also wéi d’Ierfschaft opzedeelen ass, mä et ass net un him dofir ze suergen datt dat och esou gemaach gëtt.

2. Kann een dann eng Persoun nennen, déi sech soll drëm këmmeren?

Jo, et kann een a sengem Testament en Testamentsvollstrecker nennen.

3. A wat ass deem seng Aufgab?

Seng Aufgab geet mam Dout vun deem un deen e genannt huet. Den Testamentsvollstrecker muss dofir suergen, datt dat wat engem zougesprach ginn ass per Testament och wierklech an der Praxis un déi Persoun geet, déi et laut Testament soll kréien, respektiv datt dat wat de Verstuerwenen a sengem Testament als Optrag ginn huet och ausgefouert gëtt – zum Beispill wann de Verstuerwenen am Testament freet fir a sengem Gebuertsland begruewen ze ginn, etc.

4. Muss een déi Missioun als Testamentsvollstrecker unhuelen?

Neen, et handelt sech hei ëm e Mandat, an deen, deen dat Mandat krut, ass fräi fir et ze akzeptéieren oder ze refuséieren.

5. Ka jiddereen Testamentsvollstrecker ginn?

Ofgesi vun engem Mannerjäregen oder engem Volljäregen ënnert Kategorie vun den Incapabeles fält (z.B. ënner Tutelle) ka jiddereen Testamentsvollstecker ginn, souguer déi Leit déi selwer kee Legs kéinte kréien, wéi den Tuteur, den Notaire, deen Testament opgeholl huet, den Dokter deen de Verstuerwene bei der Krankheet suivéiert huet un där e gestuerwen ass, de Paschtouer, etc.

6. Gëtt ee fir seng Aarbecht bezuelt ?

Dat hänkt vun den Ëmstänn of.

De Basisprinzip ass datt en NET bezuelt gëtt, ausser et wär am Testament virgesinn datt en eppes kritt.

Wann awer elo e Professionelle genannt gëtt fir déi Aarbecht ze maachen, zum Beispill en Notaire oder en Affekot, an deem Fall huet d’Jurisprudenz decidéiert, datt deen fir seng Prestatiounen bezuelt gëtt, souguer wann dat net am Testament präziséiert ass.

7. A wann een dann Käschten huet ?

D’Käschten, déi een huet, déi gi vun der Ierfmass bezuelt. Soulaang also een aktiv an der Ierfschaft ass, bleift een net op sengen Fraise setzen.

8. Wéini ass dem Testamentsvollstrecker säi Mandat eriwwer ?

Wann een d’Missioun als Testamentsvollstrecker ugeholl huet, kann ee sech am Prinzip net méi zréckzéien, ausser wann d’Weiderféiere vum Mandat him selwer géif Schued zoufügen.

Säi Mandat ass natierlech och eriwwer wann e seng Missioun erfëllt huet.

Säi Mandat ass automatesch eriwwer wann hie selwer stierft, d’Mandat geet net u seng Ierwen weider.

Hie muss e Joer nom Dout vun deem, deen hien genannt huet, duerleeë wat en am Kader vu sengem Mandat gemaach huet.

E Geriicht kann en ofsetzen, op Ufro vun den Ierwen oder de Légataires, wann e seng Missioun net anstänneg erfëllt, ob express oder doduerch datt en net capabel ass.

Wann d’Testament wat en genannt huet, annuléiert gëtt, gëtt seng Missioun natierlech automatesch mat annuléiert.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu