... dee sech drëms këmmere muss, datt d’Testament richteg exekutéiert gëtt. Ma dat ass net alles, d'Marie Gales huet mat der Affekotin Nathalie Frisch geschwat

Dee kann awer nach eng 2. Aufgab per Testament kréien: d’Saisine vu verschiddenen Objeten, déi an der Ierfschaft sinn. Wat heescht ''Saisine''?

D’Saisine heescht an dësem Fall, datt den Testamentvollstrecker a Besëtz vun de beweegleche Gidder vun der Successioun gesat gëtt fir seng Aufgab ze erfëllen.  Dat heescht, hien kritt déi “Biens mobiliers », beweeglech Gidder, an déi kommen deemno net direkt an d’Hänn vun den Ierwen.

Heescht dat datt en alleguer déi “Biens mobiliers” ze versuergen kritt ?

Am Testament kann festgehale ginn, datt en d’Saisine vun all de beweegleche Gidder, sief et kierperlech oder immateriell Gidder, kritt oder nëmmen vun engem Deel dovunner.

D’Friichten vun den Immobilien (zum Beispill d’Loyers), ginn awer direkt un d’Ierwen, déi falen net ënnert d’Saisine.

An et kann ee per Testament net méi als Saisine ginn wéi dat wat d’Gesetz erlaabt, et kann een em also net d’Saisine vun Immobilien ginn.

Wéi laang behält hien déi Objeten dann ?

En hält déi Objete soulaang a sengem Besëtz bis datt seng Aufgab erfëllt ass oder bis ee Joer an een Dag nom Doud vum Verstuerwenen oder nom Ufank vu senger Missioun. Wann den Delai vun engem Joer an engem Dag ofgelaf ass, muss en d’Objeten un d’Ierwen zréck ginn, esouguer wann e seng Aufgab nach net fäerdeg erfëllt huet.  D’Ierwe kënnen den Delai och verkierzen andeem s se dem Testamentvollstrecker déi néideg Zomme fir d’Legs mobiliers auszebezuelen zur Verfügung stellen oder virleeën datt d’Légatairen ausbezuelt gi sinn.

Wat muss den Testamentvollstrecker mat deenen Objete maachen?

Et ass dem Testamentvollstrecker seng Aufgab fir dofir ze suergen, datt d’Legs mobiliers ausbezuelt ginn. Wann elo net genuch Liquiditéiten an der Ierfschaft si fir dat ze maachen, da muss hien de Verkaf vun dem Mobilier provozéiere fir esou Suen eranzekréien. Fir ze verkafe brauch en entweder den Accord vun den Ierwen oder d'Erlaabnis vum Geriicht.

Den Testamentvollstrecker muss natierlech och dofir suergen, datt Suen déi nach mussen erakommen och effektiv d'Scholde bezuelt ginn, zum Beispill oppe Rechnungen andreiwen.  D’Scholde vun der Ierfschaft däerf en awer erëm nëmme mam Accord vun den Ierwen, oder dem Geriicht, bezuelen, och wann en d’Saisine vun, zum Beispill, de Konten huet.

Kann den Testamentvollstrecker och Immobilie verkafen fir Suen eranzekréien?

Jo, d’Jurisprudenz huet festgehalen, datt en den Testamentvollstrecker per Testament kann d’Erlaabnis kréie fir Immobilie vun der Successioun ze verkafen a mat de Suen, déi erakommen d’Scholden ze begläichen.

Dat ass awer nëmme méiglech wann keng Reservatairen do sinn, also keng Kanner oder hir direkt Nokommen.

A priori acceptéiert d’Jurisprudenz net datt de Testamentvollstrecker de Partage vun der Ierfschaft mécht, also d’Immobilien op déi verschidden Ierwen opdeelt.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu
www.YourLaw.lu