D'Marie Gales huet mat der Affekotin Nathalie Frisch geschwat.

Wiem muss den Testamentvollstrecker Rechenschaft ofleeën?
Den Testamentsvollstrecker muss den Ierwen oder den Légataires universels Rechenschaft ofleeën.

Zu wéi engem Zäitpunkt muss en dat maachen ?
D’Gesetz gesäit vir datt den Testamentvollstrecker ee Joer nom Doud muss Rechenschaft iwwert seng Aarbecht ofleeën.
Wann awer elo d’Saisine, vun där mir déi leschte Kéier geschwat haten, méi fréi op en Enn kënnt wéi d’Missioun, dann muss schonn um Moment vum Enn vun der Saisine  Rechenschaft ofgeluecht ginn.

Gëtt et e Fall wou ee keng sou eng “Reddition des comptes” muss maachen?
Jo, d’Jurisprudenz huet akzeptéiert, datt am Testament ka virgesi ginn, datt keng Reddition des comptes muss gemaach ginn um Enn vun der Saisine, wa keng Reservatairen do sinn, also keng Ierwen an der direkter Linn (Kanner, an Kandskanner etc).

Wéi eng Responsabilitéit huet den Testamentvollstrecker genee ?
Den Testamentvollstrecker huet déi selwecht Verantwortung wéi all anere Mandataire, fir d’Feeler déi en an der Ausféierung vun senger Missioun gemaach huet, egal ob dat elo graff fahrlässech Feeler waren oder einfach ''Managementsfeeler''.

Kann een haftbar gemaach ginn egal ob ee bezuelt gëtt fir seng Missioun oder net?  
Jo, a béide Fäll kann een haftbar gemaach ginn, mä wann ee fir säi Mandat bezuelt gëtt, gëtt d'Responsabilitéit, respektiv e Feeler awer méi streng consideréiert.

A wann dann elo e puer Leit zesummen Testamentvollstrecker sinn?
Wann e puer Leit zesummen Testamentvollstrecker sinn, da sinn se zesummen haftbar fir alles, souguer wann een eleng gehandelt huet.

Kann een déi Verantwortung dann net reduzéieren?
Dach, am Testament kann d’Aarbecht vun deene verschiddenen Testamentvollstrecker opgedeelt ginn: wa jidderee vun hinnen eng kloer Missioun kritt, a jidderee sech och un déi Missioun hält an nëmmen dorëmmer këmmert, dann ass een nëmmen haftbar fir déi Feeler, déi ee perséinlech gemaach huet.

Wéi e Geriicht ass zoustänneg fir sou e Fall ze tranchéieren ?
Et ass an dësem Fall net d’Geriicht vun do wou d’Ierfschaft opgaangen ass wat zoustänneg ass, mä d’Geriicht vum Wunnsëtz vum Testamentvollstrecker.

Nathalie Frisch
Avocat à la Cour
Barreau de Luxembourg
T: (+352) 691 333 214
frischnathalie@yourlaw.lu
www.YourLaw.lu